Den Lalo mam
Tony ROYSTER Jr.



A menger 23 jähriger Tätegkeet als Enseignant fir Drumset am
Conservatoire zu Lëtzebuerg hat ech nach nii d'Geleeënheet fir sou e
jonken talentéierte Batteur ze ënnerriichten. Säit 2003 schaffe mer
reegelmässeg zesummen (1 Cours vun ongeféier 30 bis 45 Minuten an der
Woch), an de Lalo iwwerrascht eis (säi Papp a mech) ëmmer erëm. Hie
spillt, oder et kann ee bal soën hien interpretéiert, wéi e "Groussen"
rythmesch Phrasen, Iwwergäng a kleng Soli. Do sinn Elementer derbäi déi
mer zesummen üben oder déi hie gewisse kritt als Aufgab fir doheem ze
prouwen. Awer de Lalo kënnt och oft mat eegenen interessanten Ideeën.
Seng Spontaneeitéit kennt bal keng Grenzen wouriwwer ech ëmmer erëm
staunen. Hien inspiréiert sech och vill un deem wat säi musikalescht
Ëmfeld him bitt (DVD, TV, Concert) hëllt dat op an verschafft et op seng
Manéier. Hien ass enorm kreativ a mat Spannung kucken mer wat seng
musikalesch Zukunft nach alles bréngt.

Al Ginter